Skip to main content

FDA - NEWS

Neie Podcast vun der Fédération des Artisans mam Alexa Ballmann

🚀 Lauschtert den neie Podcast vun der Fédération des Artisans  an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d'Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift.

🎙️ 𝐌𝐮𝐬𝐬 𝐞𝐢𝐬𝐞 𝐏𝐞𝐧𝐬𝐢𝐨𝐮𝐧𝐬𝐬𝐲𝐬𝐭𝐞𝐦 𝐝𝐫𝐢𝐧𝐠𝐞𝐧𝐝 𝐫𝐞𝐟𝐨𝐫𝐦é𝐢𝐞𝐫𝐭 𝐠𝐢𝐧𝐧, 𝐨𝐝𝐞𝐫 𝐚𝐬𝐬 „𝐰𝐚𝐢𝐭 𝐚𝐧𝐝 𝐬𝐞𝐞“ 𝐝é𝐢 𝐛𝐞𝐬𝐬𝐞𝐫 𝐒𝐭𝐫𝐚𝐭𝐞𝐠𝐢𝐞? 🎙️

Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef*fe d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié*e preparéieren?
Doriwwer schwätzt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann mam Marc Wagener, Direkter vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises - UEL.