Skip to main content

FDA - NEWS

Message vum Präsident, Luc Meyer

Léif Kolleginnen an Kollegen,

 D’Wale sinn eriwwer a mir si gespaant, ob d’Politik eis Message verstanen huet. D’FdA huet wéi versprach kloer Positioun bei de gewielte Parteie bezunn an hinnen eis Fuerderunge méi wéi eng Kéier matgedeelt. Mir hunn di néideg d’Themen fir d‘Handwierk konsequent zur Sprooch bruet. Sti Fuerderungen net am Regierungsprogramm, sinn se net verbindlech.

Dowéinst huet d’FdA hir konkret Fuerderungen nach emol dem Formateur souwéi de Vertrieder vun der Regierung schrëftlech matgedeelt an zudeem stinn mer an den leschten Wochen an direktem Kontakt mat deene verschiddenen Ministeren.

Déi nei Regierung steet: Dir Damen an dir Hären Ministeren, mir felicitéieren Iech fir Äre Challenge an der neier Regierung. Wann Dir an de kommende 5 Joer en staarke Partner braucht, den Iech d’Thema „Handwierk” méi no bréngt, da si mir gären disponibel. Op eng gutt Zesummenaarbecht

Mir wäerten de Regierungsprogramm an deenen nächsten Méint an Joren genau suivéieren an och analyséieren op dir deem gerecht gidd, wat dir Koalitiounsaccord verspriecht, an dat am Sënn vum Lëtzebuerger Handwierk an sengen Léit!

Mee elo sti fir d’éischt d’ Feierdeeg virun der Dier. Et besënnt een sech op dat wat wichteg ass. D’Membere vum Comité an och d’Personal vun der FdA notzen déi wäertvoll Paus fir nei Energie ze tanken a mat Elan an d’Joer 2024 ze starten.

Fir déi zukünfteg Erausfuerderungen ze meeschteren ass Lëtzebuerg dringend op eng mëttelstandsfrëndlech Politik ugewisen an dofir wäert d’FdA sech och weiderhi konsequent asetzen.

 

Et ginn genuch Chantier’ en di mussen fäerdeg gemaach gin an och eng Partie Chantier ’en di mussen endlech an mat aller Konsequenz ugepak ginn. Als d‘Stëmm vum Handwierk zu Lëtzebuerg, wäerten mir et net scheien eis do an der Ëffentlechkeet a bei der Politik anzesetzen fir eise Fuerderungen gerecht ze ginn fir dass mer och nach muer en staarkt Handwierk hei zu Lëtzebuerg hunn.

 

Vu menger Säit an am Numm vum ganze Comité vun der FdA wënsche mir Iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat néit Joer.

 

Luc Meyer

Präsident Fédération des Artisans