Skip to main content

FDA - NEWS

Verbandsconseiller (m/f) fir de Beraich vum Génie Technique

Daachverband vum Lëtzebuerger Handwierk mat iwwer 3.000 Memberen sicht een

Verbandsconseiller (m/f) fir de Beraich vum Génie Technique

  

Wéi gesäit Äre breetgefächerte Funktiounsberäich aus?

  • Dir encadréiert un Niveau vum Sekretariat Zukunftsthemen ronderëm d’Energie- a Klimapolitik
  •  Dir gitt e.a. verantwortlech fir d‘Gestioun vun der Fédération du Génie Technique mat iwwer 400 Memberen;
  • Héi këmmert Dir Iech em den administrativen Deel vun der Verbandsaarbecht an hëlleft mat Ziler, Virgoensweisen a Strategien ze definéieren;
  • Dir sidd den direkten Uspriechpartner fir d’Membersbetriber
  • Dir vertrëtt d’Fédération des Artisans an enger Rei vun Institutiounen a Gremien.

Wat fir Konditiounen musst Dir erfëllen?

  • Dir sidd Titulaire vun engem Héichschouldiplom mat enger technescher Ausriichtung
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch;
  • Dir hutt Intressi un der Energie- a Klimapolitik an un ekonomesche Dossieren;
  • Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mat de Leit
  • Motivatioun, Organisatioun, Verantwortungsgefill, Selbstännegkeet an Teamgeescht mussen net extra präziséiert ginn, gehéieren awer zum Pak.

A wat bidde mir?

  • Keng Plaz, mee eng Schaff, am Kontakt mam Handwierk a senge Betriber, dat Ganzt an engem flexibele Kader wou Dir an Är Intressen och net ze kuerz kommen;
  • Dir hutt d’Méigelechkeet op Zukunftsthemen ze schaffen
  • Dir hutt de Fanger um Bols vun der sozio-ekonomescher Aktivitéit zu Lëtzebuerg an an Europa;
  • Dat Alles mat engem gudden Aarbechtsklima an enger motivéierter an begeeschterter Equipe;
  • Eng Pai a Relatioun mat deem wat Dir leescht a wéi Der virukommt an déi d’Konkurrenz net onbedéngt ze fäerten brauch;

Dir hutt Loscht den Defi ze woen an Iech am Handwierk mam Handwierk a fir d’Handwierk anzesetzen?  

Dann zéckt net a mellt Iech sou séier wei méiglech:

Romain SCHMIT / Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.