FDA - NEWS

RTL Reportage: Och Handwierksbetriber keimen

Präisexplosioun vun Energiekäschten, Liwwerenkpäss duerch Ukrain-Krich, Index an Handwierkermangel: e Plätterchersbetrib erkläert, wéi schwiereg d'Lag ass.

Un Aarbecht feelt et am Familljebetrib Maroldt net. Commandë ginn et der genuch. Vill méi bereeden déi héich Gaspräisser Kappzerbrieches. D'Plättercher misste gebak ginn, deemno wier d'Produktioun staark vum Gas ofhängeg, erkläert de Raphaël Maroldt, Bouf vum Patron.

Zwou Präishaussë goufen et déi lescht 6 Méint op de Plättercher. Enn dës Mounts steet déi 3. un. Déi wier bedéngt duerch den Enkpass vum Kaolin, engem Deel vun der Matière première, deen aus der Ukrain kënnt. Well den Hafe blockéiert wier, wier Panik an Italien bei den Hiersteller, seet de Patron Christian Maroldt.


Nos sponsors

FÉDÉRATION DES ARTISANS

2 Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

(+352) 42 45 11 - 1

LU-VE 08H00-17H00

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

CONTACTEZ-NOUS


© Fédération des Artisans

Design by Molotov Design