Actualités

21/09/2021

Eise Generalsekretär kennt bei Iech!

Romain Schmit, Generalsekretär vun der Fédération des Artisans
 

Mir komme bei Iech!

 

Gudde Moien,
 

Däerf ech mech viirstellen: Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Ech melle mech bei Iech, fir mech selwer z’invitéieren. Jo, Dir liest richteg: ech si sou frech an invitéiere mech selwer! Bei Iech! An Äre Betrieb! Fir mat Iech iwer Äre Betrieb, Äre Beruff, Ärt Handwierk ze schwätzen! Mäin Ziel ass et, fir dëst Joer ab März ee Betrieb pro Woch besichen ze goen, an doraus wa méiglech eng permanent Tournée vum Generalsekretär ze maachen.
 

Dofir wier ech frou, wann Dir mir géift soen, dass ech bei Iech och wëllkomm sinn. Dat ass sou mat onseraaner: mir invitéieren eis zwar ganz hardi awer einfach esou kommen dann awer nëtt mat der Diir an d’Haus gefall. Dir misst mer effektiv scho soen dass dat geet, da mellen ech mech bei Iech a mir maachen ee Rendez-vous oof. Flott wier et och, wann Dir mir kéint soen, wou de Schung dréckt an iwwer wéi en Thema Dir Iech mat mir ënnerhaalen wéilt.
 

Bei “normalen” Urgencen (Arbechtsrecht, Organisatioun, marchés publics etc.) steet Iech d’Sekretariat vun der Handwierkerfederatioun natiirlech ëmmer zur Verfügung (www.fda.lu). Dir hutt eventuell besser an dem Fall nëtt op mëch ze warden, mee derfiir ze suergen direkt Hëllef ze kréien. An do ass kee besser wei d’Handwierkerfederatioun. Rufft un an da kritt Der gehollef!
 

Vu ménger Säit géife mëch verschidden Themen besonnesch intresséieren, respektiv wéi Dir domatt am Betrieb ëmgitt, ob a wa jo wéi eng Léisungen Der fonnt hutt a wéi Der se am Betrieb a mat den Mattarbechter ëmgesaat hutt…: Fachkräftemangel, Digitaliséierung, CO2 a Klima, Organisatioun vun der Arbecht. Mir kënnen och ganz gär iwer d’Federatioun schwätzen an doriwwer waat Dir doranner gesitt. Natierlech ass den Themekrees nëtt ob déi ugeschwaate Beräicher begrenzt. Wann Dir ee ganz konkrete Problem hutt bei dem Dir Iech vun der Handwierkerfederatioun Hëllef erwaart, wier et och gudd, dat am Viiraus ze wëssen, dass ech eventuell direkt dee richtegen Uspriëchpartner ka mattbrengen wann dat fir Iech an der Rei ass.
 

Dofiir zéckt nëtt a mellt Iech bei mir: r.schmit@fda.lu oder 42451126

 

 
Author:

Articles récents

© Ministère des Finances, Luxembourg
Shopping Basket

En 2015, la CNS nous impose un agrément, sans aucune concertation préalable.

Face à cette décision unilatérale, une première réunion entre tous les prestataires s’impose. Où, qui, comment, pourquoi ? Autant de questions sans réponses à ce moment-là. Nous n’étions pas représentatifs.

Nous nous sommes alors tournés vers la Fédération des Artisans et avons profité de la réforme pour créer notre propre fédération. J’en suis devenu le président.

Un sujet sensible nous préoccupait particulièrement : le besoin d’optimiser la procédure de prise en charge. Nous avons entamé les premières discussions avec les différentes autorités (le ministère de la Santé, la CNS, l’UEL, la Société ORL, etc.).

Aujourd’hui, nous sommes représentatifs et surtout devenus incontournables dans ces discussions. Grâce à nos conseillers et à la structure opérationnelle de la fédération, nous sommes parvenus à implémenter une procédure de prise en charge qui répond désormais aux besoins de chacun.

Mais adhérer à la Fédération des Artisans, c’est aussi, au travers des différents meetings, s’ouvrir à de nouveaux réseaux, et surtout se sentir encadrés, informés et soutenus par une équipe pluridisciplinaire.

Guy Lejeune | Gérant d’Audièse et Président de la Confédération des Métiers de la Santé a.s.b.l.