Actualités

15/04/2020

De Bau fänkt den 20. Abëll erëm un

Léif Kolleginnen a Kollegen Handwierker,

De sanitären Noutstand as nach net eriwwer. De Coronavirus waert eis nach eng ganz Rei vu Meint begleeden an eisen privaten a berufflechen Alldag prägen. De Confinement an dat massivt Eroffueren vun der wirtschaftlech Aktivitéit hun, trotz dem enorme Praiss den mer all dofir bezuelen, hier Friichten gedroen. Haut sinn mer an enger Situation, wou d‘Regierung verschidden Mesuren kann zeréck huelen.

D’Handwierk as en vun den eischte Secteuren, déi erem schaffen kënnen. Mir hun eng Perspektiv erëm lues an d’Normalitéit zeréck ze kommen.

Regierung huet décidéiert, dass déi Reprise gestaffelt misst ginn, an dass mer net direkt all zesummen erem ufänken kënnen.

Déi Beruffer, déi net vum Lockdown betraff waren, daerfen natiirlech virun schaffen. Am Secteur vun der Constructioun huet d‘Regierung haut décidéiert, dass ab dem 20. Abrëll d’Bauberuffer mat verschiddenen Oplaagen erëm schaffen daerfen.

Beruffer, déi Client‘en empfänken, oder wou eng enken physeschen Kontakt mam Client néideg as, wéi z.B. Coifferen an d’Ethéticiennen kommen an e puer Wochen no.

Fir de Risiko vun der Reprise ze miniméieren hun d’Fédération des Artisans an déi verschidden Berufsorganisatiounen Secherheetskonzepter an Handlungsuweisungen ausgeschafft, fir eis Matabeschter an eis Client’en virun enger Infektioun esou gutt wéi méigelech ze schützen.

Des Informatiounen sin an de nächsten Deeg op eisen Internetsiten disponibel an gin Iech iwwert eis Newsletter zougestallt.

All de Léit aus de Verbänn, déi an dëser schwéierer Zait fir hier respektiv Beruffer a Betriber agesaat hun fir de Kontakt zu de Memberen, zu den Autoritéiten an zur Politik gehaale, en grousse Merci. An dësen Zaite mierke mer wéi wichteg et as, dass mer als Handwierk iwwert eis Vebänn gutt organiséiert a stark obgestallt sinn.

Léif Kollegen a Kolleginnen,

Als Chef d’entreprise sinn mer duebel gefuedert. Mir hun eng Verantwortung fir d’Gesondheet vun eise Salari’en a mir hun doriwwer eng Verantwortung fir déi économesch Zukunf vun eise Betriber. Wann Betriber an d’Salari’en alleguer un engem Stang zéien fir dës Regelen, wéi Distanz haalen, Hygiensvirschreften anzehaalen, waerte mer weider schaffen kennen an weider Métier’en kennen an e puer Wochen och erëm ufänken.

Eent as sëcher. Schaffe musse mer.

Déi Zait wou eis Betriber zou waren, as un d’Substanz gaang. Wahrscheinlech méi wéi sech daat Politik kann firstellen.

Dofir waerte mer och als Organisatioun um Ball bleiwen, fir dass Betriber net an e puer Méint alleng am Reen stin, wann dat schlëmmst vun der sanitärer Kris laanscht as.

Léif Kollegen a Kolleginnen, Als Präsident well ech Iech ganz perséinelch als Member merci soen.

Nëmmen zesummen sin mer staark. Mir brauchen an der Kris an no der Kris eng Stëmm, déi d’Intérêten vun eise Betriber no baussen dréit a verteigedt.

Déi Abescht macht Dir duerch aer Memberschaft an aerem Fachverband an an der Fédération des Artisans ereischt méigelech.

Mir sinn d’Handwierk an zesumme packe mer daat.

Ech wenschen eis alleguer eng sëcher an dauerhaft Reprise.

Michel Reckinger

Président Fédération des Artisans

Author:

Articles récents

Budget27
Shopping Basket

En 2015, la CNS nous impose un agrément, sans aucune concertation préalable.

Face à cette décision unilatérale, une première réunion entre tous les prestataires s’impose. Où, qui, comment, pourquoi ? Autant de questions sans réponses à ce moment-là. Nous n’étions pas représentatifs.

Nous nous sommes alors tournés vers la Fédération des Artisans et avons profité de la réforme pour créer notre propre fédération. J’en suis devenu le président.

Un sujet sensible nous préoccupait particulièrement : le besoin d’optimiser la procédure de prise en charge. Nous avons entamé les premières discussions avec les différentes autorités (le ministère de la Santé, la CNS, l’UEL, la Société ORL, etc.).

Aujourd’hui, nous sommes représentatifs et surtout devenus incontournables dans ces discussions. Grâce à nos conseillers et à la structure opérationnelle de la fédération, nous sommes parvenus à implémenter une procédure de prise en charge qui répond désormais aux besoins de chacun.

Mais adhérer à la Fédération des Artisans, c’est aussi, au travers des différents meetings, s’ouvrir à de nouveaux réseaux, et surtout se sentir encadrés, informés et soutenus par une équipe pluridisciplinaire.

Guy Lejeune | Gérant d’Audièse et Président de la Confédération des Métiers de la Santé a.s.b.l.