FDA - NEWS

e JURIST an e Verbandsconseiller (m/w)

15 décembre 2022

Daachverband vun méi wéi 3.500 Handwierksbetriber sicht  zwee nei Mataarbechter

 

e JURIST an e Verbandsconseiller (m/w)

Fir d’Generalsekretariat ze verstäerken engagéiert d’Handwierksorganisatioun zwee Mataarbechter fir an enker Zesummenaarbecht mat der Direktioun ze schaffen. 

Är wäit gefächert Funktiounen a Ver begräifen ënner anerem:

Fir de Jurist

  • Suivi vun juristeschen Dossier ’en an erstellen vun Avisen
  • Representatioun vun der FDA an dem Handwierk a verschiddenen Gremien
  • Juristesch Berodung vun eisen Memberen
  • Gestioun a Suivi vun enger Rei vun Berufsfédératiounen

 

Fir de Verbandsconseiller

  • Gestioun a Suivi vun enger Rei Berufsfédératiounen
  • Representatioun vun der FDA a verschidden Gremien
  • Aschaffen a Betreiung vun themateschen Dossier ‘en, déi iech uvertraut ginn
  • Kommunikatioun, Informatioun a Berodung vun de Membersbetriber

 

Äre Profil :

  • Maîtrise am Droit fir de Jurist an eng universitär Formatioun fir de Verbandsconseiller
  • Professionell Experienz ass erwënscht
  • Sproochen: Lëtzebuergesch (obligatorësch), Franséisch, Däitsch, Englësch
  • Interessi fir politesch, economesch an sozial Dossier’en
  • Gudd redaktionell Fäegkeeten
  • Natierlech Liichtegkeet am Ëmgang mat anere Leit
  • Besonnesch Kenntnisser am Beräich vum Aarbechts- an Handelsrecht si vun Virdeel

 

Mir bidden:

  • eng ofwiesslungsräich Aarbecht an enger jonker a motivéierter Equipe
  • ee gutt Aarbechtsklima
  • ee leeschtongsorientéiert Gehalt ofhängeg vun Äre Kompetenzen an Ärem Engagement kombinéiert mat attraktiven extra-legalen Avantagen
  • Weiderbildungsméiglechkeeten

Wann dëse Posten Iech interesséiert, dann schéckt w.e.g. Är Kandidatur mat C.V. un de Romain Schmit e-mail: Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.


Inscrivez-vous à notre newsletter

Suivez l'actualité de la Fédération des Artisans
.

FÉDÉRATION DES ARTISANS

2 Circuit de la Foire Internationale
L-1347 Luxembourg

(+352) 42 45 11 - 1

LU-VE 08H00-17H00

Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.

CONTACTEZ-NOUS


© Fédération des Artisans

Design by Molotov Design